Agenda search

Category

Be a HEARo 2021 - ONLINE

VIDEO-SERIE

 

De Rocklab freet sech, an Zesummenaarbecht mam SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques), mat „Be a HEARo” eng nei Serie vu Videoen zum Thema Pop-Rock Musek ze annoncéieren, déi speziell e jonke Public uschwätzen!

 

Dës edukativ an amusant Videoen, déi sech besonnesch u Kanner vun 9-12 Joer riichten, solle Loscht maachen d'Welt vun der Rock- a Popmusek ze entdecken. A kuerze Clips gesinn d'Kanner wéi sech eng Rock/Pop-Band op e Concert an der Rockhal virbereet - fir d'éischt am Proufsall, an dann op der Bün.

 

KUCKT D'SERIE ELO IWWERT DËSE LINK

 

De Projet „Be a HEARo“ ass eng laangjäreg Collaboratioun tëschent dem Rocklab an dem SCRIPT a bréngt de Kanner d’Welt vun der Pop & Rock Musek an hirer ganzer Vilfalt méi no. Duerch eng Serie vun Concerten an der Rockhal konnten all Joer méi wéi 2500 Kanner op eng pedagogesch a spilleresch Aart a Weis déi verschidde Museksgenren, Beruffer a Facettë vun der Pop & Rock Kultur entdecken.

 

Duerch d’Pandemie konnten dës Concerten 2020 net stattfannen. Doropshin hunn de Rocklab an de SCRIPT decidéiert eng Serie vu Videoen ze produzéieren déi dës Theme behandelen an déi och bei enger Reprise weiderhin hire pedagogeschen Zweck als Ergänzung zu den Aktivitéiten an der Rockhal wäerten erfëllen.

 

An der éischter Rei vu Videoen huele mir de Public mat an de Proufsall vun der „Be A HEARo”-Band, wou d’Museker.inne fir e grousse Concert an der Rockhal prouwen. Zesumme mat de Museker.inne weise mir wéi  esou eng Rock/Pop Band fonctionéiert a wat fir ënnerschiddlech  Instrumenter zum Asaz kommen. Heibäi gëtt een och gewuer, wéi si  sech op de grousse „Be a HEARo“-Concert an der Rockhal virbereeden wou si live virum Publikum op der Bün  stoe wäerten.
 

Am zweeten Deel vun der Serie huele  mir de jonke Public och mat hannert d’Kulisse vun der Rockhal. Hei gëtt  da genau erkläert  wat e Soundcheck ass a wéi dësen an der Reegel ofleeft. Zousätzlech ginn et Andréck aus dem Backstage fir ze gesi wat genee do lass ass. Dobäi  kucke mir déi ganzen Zäit de Museker.inne  wéi och der technescher Equipe iwwert d’Schëller  a weise wat alles muss virbereet ginn, fir dass de Concert e groussen Erfolleg gëtt.



Wat ass de Rocklab?
De Rocklab huet mat sengem Programm fir de Jeune Public als Zil, eng zäitgeméiss an inspiréierend Offer fir Kanner a Jonker am Beräich vun der aktueller Pop & Rock Musek ze schafen. Edutainment a kreativ Interaktioun stinn heibäi ëmmer am Mëttelpunkt. A Workshoppen, wärend Concerten, a mat Hëllef vun ergänzendem digitale Contenu kënne si d'Welt vun der populärer Musekskultur fir sech entdecken an aktiv dorunner deelhuelen.