Agenda search

Category

Agenda search

Keyword
« October 2021 »
SuMoTuWeThFrSa
 0102
03040506070809
10111213141516
171819202122
23
242627282930
31 

Agenda

2021
11
4

Beatmaking Workshop (4-5-6 November)

Workshop vun 3 Deeg fir Jonker vun 12-17. Am Kader vum Hip Hop Marathon 2022

Du interesséiers dech fir Hip Hop a Rap?
Du wëlls däin eegenen Hip Hop-Beat produzéieren a léieren, wéi een um Computer selwer esou ee ka maachen?

Wärend dem Workshop léiers du mat enger Musek-Software ëmzegoen, digital Instrumenter kennen an setz Sounds zu engem eegene Hip Hop-Beat zesummen.


Zesumme mam Producer a Beatmaker Cehashi an anere Jonken baut dir Rhythmen a Stécker, déi duerno am Kader vum Hip Hop Marathon zum Asaz kommen. Äer Beats déngen als Instrumental Stécker, op déi d'Rapper hier Texter leeën. 

 

Du spills keen Instrument? Kee Problem. Du muss just Loscht matbrengen, fir mat Sounds a Rhythmus ze spillen.

 

Mell dech elo un a maach mat!

 

Fir jidderee vun 12-17 Joer.

 

Wat ass "Beatmaking"?

Beim Beatmaking gi Kläng, Rhythmus a Melodien zu engem "Beat" komponéiert. De Beat ass d'Musek (ouni Rap a Gesang) vun engem Hip Hop Lidd a gëtt meeschtens op engem Computer produzéiert.

 

Intervenant:

Cehashi (Eric Bintz) : Lëtzebuerger Beatmaker a Museksproduzent.

 

Umeldung HEI