Agenda
03
20
Be a HEARo goes digital!
Wollt dir schonn ëmmer wëssen, wéi eng Band fir e Concert prouft? Oder wat alles muss virbereet ginn, ier dass e Concert an der Rockhal ka stattfannen? Wéi kënnen d'Musekerinnen a Museker gutt zesumme spillen? A wéi eng Instrumenter gehéieren zu enger Pop/Rock-Band?
Mir weisen iech zesummen mam SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques) wéi eng Pop/Rock Band fonctionéiert, wat fir Instrumenter d'Musekerinnen a Museker aus der Band spillen, a wéi se sech virbereeden, éier dass se live op der Bün optrieden fir de Be a HEARo-Concert!
Kuckt elo di ganz Série online: LINK
Méi Informatiounen iwwert de Projet: LINK